
Aktuell sinn 124 Persounen hospitaliséiert, dovunner 19 op der Intensivstatioun.
Den Ament ginn et 3.409 aktiv Infektiounen a 56.318 Persoune gëllen als geheelt.
1.788 Persoune kruten en Donneschdeg hir 1. Dosis, fir 537 Leit war et déi 2. Dosis. Am Ganze goufe bis ewell 82.653 Dosisse gesprëtzt.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,08. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.