Coronavirus zu Lëtzebuerg2 Persoune gestuerwen, vun 10.249 Tester waren der 182 positiv

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Mënschen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, elo bei 743 läit.

Aktuell sinn 137 Persounen hospitaliséiert, dovunner 25 op der Intensivstatioun.
Den Ament ginn et 3.609 aktiv Infektiounen a 56.903 Persoune gëllen als geheelt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,02. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

E Méindeg kruten 2.763 Persounen hir éischt Dosis, fir 365 Leit war et déi zweet. Am Ganze goufe bis ewell 89.684 Dosisse gesprëtzt.

PDF: Rapport journalier

Back to Top
CIM LOGO