
Bei der Kontroll vun engem Automobilist zu Gréiwemaacher géint 16 Auer, ass den Alkoholtest positiv ausgefall. Hie gouf protokolléiert an huet de Permis missen ofginn.
Kuerz virun 1 Auer war an der Stad e weidere Chauffer kontrolléiert ginn, deen och ënner ze héijem Alkoholafloss stoung. Déi weider Iwwerpréiwung huet erginn, datt den Automobilist donieft och ënnert engem ageschränkte Fuerverbuet stoung an deen domat net agehalen hat. Den Auto gouf bis op Weideres immobiliséiert, de Fuerer gouf protokolléiert.
De Freideg de Moie war dann och ëm kuerz viru 7 Auer een Accident, bi deem de Chauffeur ënner Alkoholafloss stoung. Eng Fra vum Cents hat der Police een accidentéierten a verloossenen Auto gemellt, dee matten op der Strooss "Op der Heed" stoung. Um Bord vun der Strooss stoungen zwee weider Autoen, déi getéitscht gi waren.
Kuerz Zäit drop huet sech den Automobilist iwwer Telefon gemellt a gesot, zeréck bei d'Plaz vum Accident ze goen. Do hunn d'Beamten du festgestallt, datt de Chauffeur ënner Alkoholafloss stoung, en Test huet ee positiivt Resultat gewisen. Him gouf de Fürerschäin ofgeholl.