CR137Zwee Leit blesséiert no Kollisioun tëscht Bäerdref a Konsdref

RTL Lëtzebuerg
Um 14.10 Auer hu sech zwee Gefierer op där Streck ze pake kritt. Een Auto huet sech op d'Säit geluecht.

Beim Accident goufen zwee Leit blesséiert an d’Spidol bruecht. D’Strooss war een Ament gespaart. Wéi et am Bulletin vum CGDIS heescht, waren d’Ambulanciere vun Iechternach an aus der Fiels op der Plaz, grad ewéi d’Pompjeeë vu Berdref.

Um 16.17 Auer sinn dann zwee Autoen zu Ettelbréck an der Avenue Johh F. Kennedy aneneegerannt. D’Ambulancieren aus der Nordstad hu sech hei ëm zwou blesséiert Persoune gekëmmert. Donieft waren och d’Ambulancieren aus der Nordstad op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO