Déifstall um Kierchbierg2 jonk Männer rappen Affer eng Kette vum Hals, ma ginn am Tram gepëtzt

RTL Lëtzebuerg
Geschitt ass de Virfall der Police no um 22h10 bei engem Tram-Arrêt an der Avenue J.F. Kennedy um Kierchbierg.
© RTL Archiv

Eng Persoun krut hier Kette geklaut, dat vun zwee Männer, déi den Objet einfach vum Hals gerappt hunn.

Zwee Männer, op déi d'Beschreiwunge gepasst hunn, goufe kuerz drop an engem Tram ermëttelt, déi dunn och spéider vum Affer als Täter identifizéiert goufen. Déi geklaute Kette war awer zu deem Zäitpunkt net méi do. Eng Plainte géint béid Männer gouf erstallt.

Back to Top
CIM LOGO