Coronavirus zu Lëtzebuerg2 Doudesaffer gemellt, vun 3.218 Tester waren der 243 positiv

RTL Lëtzebuerg
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Persounen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, elo bei 854 läit.
© RTL-Grafik

Aktuell sinn 38 Persounen hospitaliséiert, dovunner si 15 Patienten op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 852.332 Impf-Dosisse genotzt. 2.178 Leit sinn e Mëttwoch geimpft ginn. 419.486 Awunner gëllen als komplett geimpft.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,42. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO