
Aktuell sinn 53 Persounen hospitaliséiert, dovunner sinn 11 Patienten op der Intensivstatioun.
Am Ganze goufe bis ewell 890.290 Impf-Dosisse genotzt. 4.092 Leit sinn e Mëttwoch geimpft ginn. 427.360 Leit gëllen als komplett geimpft.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,11. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.