
Aktuell sinn 53 Persounen hospitaliséiert, dovunner sinn 10 Patienten op der Intensivstatioun.
Am Ganze goufe bis ewell 895.374 Impf-Dosisse genotzt. 5.099 Leit sinn en Donneschdeg geimpft ginn. 428.134 Leit gëllen als komplett geimpft.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,18. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.