
E Méindeg den Owend war der Police géint 21.30 Auer en Accident tëscht Nidderkuer a Zowaasch gemellt ginn. E Chauffer hat d'Kontroll iwwer säin Auto verluer a sech iwwerschloen. De Chauffer, dee liicht verwonnt gouf, war awer net grad fein mat de Rettungsekippen a wollt keng Hëllef. D'Policebeamten hunn hie mussen zur Vernonft bréngen.
Wéi sech kuerz drop erausgestallt huet, war de Chauffer am Laf vum Owend schonn un engem aneren Accident mat Materialschued op der Collectrice A13 bedeelegt. Do hat hie sech awer net weider ëm de Schued gekëmmert an d'Plaz vum Accident verlooss. Well hien den Alkoholtest an all weider Schrëtt verweigert huet, gouf him de Fürerschäin ofgeholl an e Fuerverbuet zougestallt.
Kuerz no 23.00 Auer war zu Wolz eng Farerflucht no engem Accident mat Materialschued gemellt ginn. De schëllege Chauffer gouf kuerz drop fonnt. Hien hat ze vill gedronk an huet säi Fürerschäi mussen ofginn.
Géint 19.10 Auer hat et zu Esch, Porte des Sciences gerabbelt. Een Auto war hei betraff. D'Pompjeeën an d'Ambulanz vun Esch waren op der Plaz.
Kuerz dono huet et zu Schëtter an der Rue Neihaischen geknuppt. Bei dësem Accident gouf et 2 liicht Blesséierter. D'Stater Ambulanz an d'Pompjeeë vun Nidderaanwen goufen op d'Plaz geruff.