Nodeems den Educatiounsministère sech déi ganz Woch mat deene verschiddenen Acteure beroden huet, goufen e Freideg de Moie bei enger Reunioun mam Gemengesyndikat Syvicol éischt Léisungspiste festgehalen.
De Staat huet e ganze Koup Material bestallt, sief dat Otemschutz oder Desinfektiounsmëttel, déi iwwert de CGDIS sollen un d'Gemenge verdeelt ginn.
Fir verschidde Gemenge wäert et einfach ginn, d'Hygiènesmesuren ëmzesetzen, esou de Syvicol-President Emile Eicher, fir anerer wier dat awer eng Erausfuerderung. "Plaz an de Gebailechkeeten ass e Riseproblem, mir mussen och kucken, wéi eng Konditiounen nach z'erfëlle sinn duerno, och doriwwer hu mer elo geschwat gehat. Mir kënnen elo net méi alles op en Agreement schëppen, wéi dat an der Vergaangenheet war, do muss een elo Solutioune fannen, déi méi flexibel sinn, fir d'Méiglechkeet ze schafen, fir verschidde Raim ze notzen, wou mer mat manner Kanner och kënnen operéieren."
Et kéint een zum Beispill Kantinnen oder Turnsäll ëmfonctionéieren. Den Encadrement duerch d'Maison Relaise misst och komplett ëmorganiséiert ginn.
"An der Vergaangenheet ware jo grouss Gruppe beieneen, elo sinn dat kleng Gruppen, si bleiwen an hire Klassesäll, dat ass och eng Ëmstellung, dat heescht de Schoulsall gëtt zum Liewensraum an dee Moment muss een natierlech och do kucken, datt dat nach funktionéiert."

Den Educatiounsminister Claude Meisch huet annoncéiert, datt géif an Zesummenaarbecht mam Gesondheetsministère a Sozialministère no Léisunge gesicht ginn, fir Familljen, an deenen et eng vulnerabel Persoun gëtt.
"De Prinzip ass deen, datt, wann ech vulnerabel sinn, datt ech bei den Dokter ginn, deen dat zertifiéiert, an da fir e Schüler, datt dee kann Doheem bleiwen a weider op Distanz betreit gëtt. Den Enseignant wäert och Distanz halen zu de Schüler, da steet een net an der Klass virun all de Schüler an et wäert ee mat der Direktioun kucken, eng aner Aufgab och kënnen z'erfëllen, an datt do, wou et wierklech och Doheem keng aner Léisunge gëtt, fir sech aus de Féiss ze goen, Distanz ze halen. Datt mer natierlech och do flexibel Léisunge wëlle fannen, fir déi vulnerabel Leit doheem esou gutt wéi méiglech ze schützen."

Fir d’Kanner wier d'Droen vun deene ronnen Halsdicher méi sënnvoll, wéi déi Ee-Wee-Masken, déi dës Woch un d'Stéit verdeelt gi sinn an déi bei hinne séier rutsche kéinten, esou de Syvicol-President Emile Eicher.
"Et ass jo elo esou, datt de Ministère och bereet ass, fir de Leit Buffen ze ginn. Mir wäerten dann zesumme mam CGDIS suergen, datt d'Kanner déi och kréien, datt si se schonn am Bus kréien, wa se den éischten Dag an d'Schoul kommen, de Recht an der Schoul verdeelt gëtt, fir datt se vun Ufank u protegéiert sinn. Well d'Reegel ass jo déi, wann ee sech méi no wéi 2 Meter oder annerhallwe Meter kënnt, e Mondschutz soll hunn, dat mussen d'Gemenge garantéieren."
Souwuel d'Schüler am Fondamental wéi och déi am Lycée kréien 2 Buffen.
Uganks nächster Woch wëllen d'Gemengen an den Educatiounsministère weider Léisunge presentéieren, wéi d'Erëm-Opmaache vun de Schoule ka konkret ëmgesat ginn.