CGDIS2 Blesséierter no Feier zu Esch an der Rue Zénon Bernard

RTL Lëtzebuerg
Den 112 mellt ee Feier vun e Sonndeg géint 19 Auer an engem Appartement zu Esch an der Rue Zénon Bernard. 2 Persoune goufe liicht blesséiert.
© CGDIS

Op der Plaz waren d'Rettungsdéngschter vun Esch, souwéi d'Pompjeeë vun Diddeleng, Käl, Schëffleng an Déifferdeng.

© CGDIS

Ee liicht Blesséierte gouf et an engem Accident géint 18.45 Auer zu Gilsdref an der Haaptstrooss. Een Auto war an d'Ongléck verwéckelt.

Back to Top
CIM LOGO