
Géint 16.30 Auer krute sech op der N2 tëscht Bous a Réimech eng Jeep an e Motor ze paken.
Eng Automobilistin wollt wéinst engem Stau op déi lénk Fuerbunn wiesselen, hat do awer e Motocyclist iwwersinn, deen do ënnerwee war. De Biker ass gefall.
D'Fra huet sech ëm hie gekëmmert an de Rettungsdéngscht alarméiert. De Mann blesséiert koum an d'Spidol.
Géint 19.40 Auer huet eng Automobilistin um CR353 vu Weiler an Direktioun Branebuerg d'Kontroll iwwert hire Won verluer a krut op der lénker Säit e Fiels ze paken. Den Auto gouf doropshin op d'Fuerbunn zeréckgeschleidert an ass nieft der Strooss um Daach leie bliwwen.
Zeien hunn d'Fra aus dem Ongléckswon befreit. Si koum an d'Spidol. En Alkoholtest war positiv, de Permis gouf agezunn an et gouf protokolléiert.
Op der Plaz waren d'Pompjeeë vu Pëtschent an Dikrech, grad ewéi d'Ambulanz vun Dikrech.