En Donneschdeg kuerz no 17 Auer koum et an der Avenue des Alliés zu Ettelbréck zu engem Accident, bei deem 2 Persoune verwonnt goufen.
Update: 08.12.2025 12:22
Nieft dem Samu, waren och 2 Ettelbrécker Ambulanzen am Asaz, grad ewéi d'Pompjeeë vu Colmer-Bierg an Ettelbréck. Den Accident hat am Feierowend-Trafic nawell fir Stau gesuergt.