
2 Persounen hu misse vun de Secouristen aus dem Auto befreit ginn, 2 weider Mënschen an en Déier goufe bei der Kollisioun liicht blesséiert.
De Samu, d'Pompjeeë vun Useldeng a Biissen an Ambulanze vu Lëntgen an aus der Fiels waren op der Plaz.
Zu Schengen an der Wäistrooss si kuerz no 16 Auer 2 Autoen accidentéiert. Och hei ass de Bilan 2 Blesséierter.
1 Motocyclist gouf bei engem Accident op der RN10 tëscht Réimech a Stadbriedemes verwonnt.