
En Auto ass hei an d'Leitplanke gaangen, eng Persoun gouf blesséiert. D'Pompjeeë vun Nidderaanwen an aus der Stad waren op der Plaz, grad ewéi d'Ambulanz vu Lëntgen.
Zu Diddeleng an der rue Gare-Usines ass e um 20.41 Auer e Foussgänger ugestouss a verwonnt ginn. De Samu Sud, d'Pompjeeë vu Diddeleng an d'Ambulanz vu Käl waren op d'Plaz geruff ginn.
Zu Esch am Dieswee huet um Donneschdeg de Moie fréi géint 3.40 Auer eng Zär gebrannt. D'Pompjeeë vun Esch, Schëffleng a Käl waren am Asaz.
En Donneschdeg de Moie géint 7.45 Auer gouf et um Enn vun der A7 Richtung Norden en Accident tëscht 2 Gefierer. 1 Persoun ass dobäi blesséiert ginn. D'Pompjeeë vu Colmer-Bierg an Ettelbréck waren op der Plaz, grad ewéi d'Ettelbrécker Ambulanz.