
A béide Fäll gouf eng Persoun liicht blesséiert.
Beim Accident op der RN08 géint 20 Auer waren d'Pompjeeë vu Miersch an Tënten am Asaz, grad ewéi d'Ambulanz vu Réiden.
Den Accident op der A4 war géint 23.40 Auer. En Automobilist op der Héicht vun der Sortie Féiz mat sengem Auto duerch d'Leitplanke gerannt an an den Hecken un d'Hale komm. D'Pompjeeë vu Monnerech a Schëffleng goufen op d'Plaz geruff, grad ewéi d'Ambulanz vun Esch. Si hunn den Automobilist fonnt, deen nieft sengem Auto loung. En Alkoholtest war positiv an de Führerschäin gouf agezunn. De Mann koum an d'Spidol.