
Kuerz no 21 Auer e Samschdeg den Owend gouf en Accident bei der Tankstell op der Lonkecher Strooss zu Rodange gemellt. D'Persoun um Telefon sot, dass eng vun den implizéierte Persoune wuel ze vill gedronk hat. Wéi sech erausgestallt huet, war ee Chauffer am Gaange vun der Tankstell op d'Strooss ze fueren, wéi e vun engem aneren Auto erfaasst gouf. Dee Chauffer hat méi wéi duebel sou vill Alkohol am Blutt wéi erlaabt a krut de Führerschäin ofgeholl.
An och e Chauffer, deen ëm Hallefnuecht zu Brouch an der Rue du Moulin fir d'éischt an e Buer an engem Virgäertche gerannt ass a sech dunn iwwerschloen huet, ass säi Führerschäin elo lass. De Mann huet missen aus sengem Gefier befreit ginn a koum an d'Spidol, den Auto ass Schrott. De Mann hat ze vill gedronk.
An dann huet d'Police nach 3 Persounen de Führerschäin ofgeholl, respektiv e Fuerverbuet ginn, déi ze vill gedronk haten ouni Accidenter auszeléisen. Eng Persoun ass e Samschdeg de Moien zu Esch opgefall, well se e puermol an e Blummebac gerannt ass, wéi se versicht huet auszeparken. Géint Hallefnuecht war eng Fra am Zickzack a mat engem Platten op der A3 a Richtung Frankräich ënnerwee. A géint 2 ware 4 Leit zu Esch gutt voll mat haarder Musek an engem Cabrio ënnerwee.