Am Lokalen2 Accidenter an 2 Mol huet e gebrannt - 4 Blesséierter

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg den Owend an an der Nuecht op e Sonndeg waren d'Rettungsdéngschter zweemol op en Accident an zweemol op e Feier geruff ginn.

Zu Biissen Direktioun Bill gouf et an der Nuecht op e Sonndeg kuerz virun 2 Auer en Accident, bei deem zwou Persoune blesséiert goufen. En Auto ass hei an e Feld geroden. Um Scheierbierg a Richtung Elleng-Gare ass um 23.30 Auer en Auto op d'Kopp gaangen, eng Persoun gouf verwonnt.

Zu Rëmeleng huet et kuerz virun 19 Auer e Samschdeg den Owend an engem Appartement an der Rue de la Croix gebrannt. Eng Persoun gouf blesséiert.

Kuerz virdrun hat et zu Fenteng Direktioun Kockelscheier am Bësch gebrannt.

Back to Top
CIM LOGO