
Bei den Infektiounen ass et eng Hausse vun 117 positiv geteste Patienten. Vum Total vun de Patiente sinn 2.291 Residenten an 438 Non-Residenten.
An de leschte 24 Stonne goufen 1.330 Tester duerchgefouert. Zanter Ufank vun der Kris goufen 22.793 Tester gemaach.
D'Zuel vun de Leit déi gestuerwe sinn an d'Longekrankheet haten, bleift onverännert zanter e Freideg bei 31. Do läit d'Altersmediane bei 86 Joer. D'Mediane ass keen Duerchschnëtt, mee bedeit einfach dass et genee souvill Patiente gouf déi gestuerwe sinn an déi iwwer 86 Joer al waren, wéi där déi ënner 86 Joer al waren.
Am Moment leien 230 Persounen déi infizéiert goufen am Spidol, dovunner 35 op der Intensivstatioun. 190 Persoune konnten d'Spidol bis ewell nees verloossen.