Police-Kontrollen190 Persoune wéinst Verstéiss géint d'Covid-Reegele protokolléiert

RTL Lëtzebuerg
Wärend der leschter Woch goufen zu Lëtzebuerg ronn 260 Kontrolle gemaach, ob d'Covid-Reegelen agehale ginn.

Besonnesch d'Anhale vun der Ausgangsspär ass kontrolléiert ginn (ronn 90% vun de Kontrollen). Gréisser Rassemblementer stoungen och am Fokus vun de Kontrollen. Donieft gouf gekuckt, ob déi sanitär Konzepter an Akafszentren a bei anere kommerziellen Aktivitéite respektéiert ginn.

Ronn 190 Persoune goufe protokolléiert oder verwarnt, well si sech net un d'Bestëmmunge gehalen hunn. Ronn 70% dovun hate géint d'Ausgangsspär verstouss. 30 Mol hunn d'Beamten och mussen wéinst dem Net-Anhale vu sanitäre Reegelen intervenéieren, dëst ënnert anerem wéinst Verstéiss vu Mannerjärege bei gréissere Rassemblementer.

Back to Top
CIM LOGO