Äntwert op parlamentaresch Fro17 Leit goufe bis ewell am Foyer vun der Wanteraktioun positiv getest

RTL Lëtzebuerg
Wéinst der aktueller sanitärer Situatioun ginn d'Zerwisser vun der Wanteraktioun bis Enn Juni weidergefouert.

Zanterdeem d'Wanteraktioun Mëtt November ugefaangen huet, hu ronn 1.200 Leit vun dësem soziale Support profitéiert.

Bis ewell goufe 17 Leit am Foyer vun der Wanteraktioun positiv getest. D'mental Gesondheet vu ville Clientë vun der Wanteraktioun leit awer och ënnert der Pandemie, seet d'zoustänneg Ministesch Corinne Cahen, well d'Deeg vun dëse Leit komplett duerchernee gehäit gi wieren an duerfir keng Struktur hätten. Resultat sinn Ängschten, an d'Gefill vu Verzweiwlung an d'Elenggeloosssinn.

Ee Mol d'Woch organiséiert d'Wanteraktioun och eng gratis medezinesch Consultatioun. D'HIV-Berodung bitt och e gratis Aids- a Syphilis-Depistage un.

Et ass de Familljeministère zesumme mat de Benevolle vun der Asbl Dräieck, déi den Dages- an de Nuetsfoyer vun der Wanteraktioun um Findel geréieren. Dës Prezisioune kritt den CSV-Deputéierte Paul Galles op eng entspriechend parlamentaresch Fro.

PDF: Äntwert vum Corinne Cahen op parl. Fro vum Paul Galles

Back to Top
CIM LOGO