CGDIS16 Blesséierter bannent dräi Stonnen, dovunner sechs bei Frontalkollisioun um CR358

RTL Lëtzebuerg
Kee gudden Dag op eise Stroossen: Bannent dräi Stonnen hunn d'Ekippe vum CGDIS op 9 Plazen uechter d'Land wéinst Accidenter missen ausrécken.

Den uergsten Accident gouf et dobäi um 14:32 Auer um CR358 tëschent der Keiwelbaach a Reisduerf. Hei si bei enger Frontalkollisioun tëschent zwee Gefierer sechs Persoune blesséiert ginn. Am Asaz waren zwee SAMUen, d'Secouristen aus der Ärenzdallgemeng, der Fiels, Reisduerf an aus der Nordstad.

Do virdru war an der Mëttesstonn eng Persoun bei engem Accident an der Mënsbecher Strooss zu Nidderaanwen blesséiert ginn, wou d'Rettungsekippe vun Nidderaanwen a Beetebuerg am Asaz waren.

Zwee Blesséierter gouf et op der A13 a Richtung Schengen tëschent Éilereng a Lankelz, wéi hei zwee Autoen aneneegerannt sinn. D'Escher Secouristen an déi vu Suessem-Déifferdeng waren am Asaz.

Bal zäitgläich mam Accident mat de sechs Verwonnte gouf et och nach een op der RN18 tëschent Lenzweiler a Clierf en Accident mat zwee Gefierer an engem Blesséierten, bei deen d'CGDIS-Ekippe vu Wëntger a Clierf geruff goufen.

Fir e gréissere Stau vu bis zu 8km op der A3 hat dann um 14:45 Auer kuerz virun der franséischer Grenz d'Chute vun engem Motocyclist gesuergt. Och hie gouf blesséiert, d'Diddelenger a Beetebuerger Secouriste waren op der Plaz, genee wéi och de SAMU.

En Asaz fir d'Iechternacher a Bollenduerfer Rettungsekippen, wéi och den Helikopter vun der Air Rescue, gouf et zäitgläich zu Weilerbaach an der Dikrecher Stross, dat wéinst enger Persoun déi mat enger Trottinett gefall ass a sech blesséiert huet.

Berouegt huet et sech op eise Stroossen net: Kuerz viru 15 Auer goufe bei enger Kollisioun tëscht zwee Autoen zu Déiljen op der Route de Grundhof dräi Persoune verwonnt. Op der Plaz war nees e grousse CGDIS-Dispositif, dorënner d'Ekippe vu Beefort, Iechternach, der Nordstad, Iechternacherbréck an och eng däitsch Rettungsekipp vun Neuerburg.

A kuerz no 15 Auer gouf e Chauffer um CR122 tëschent Blaaschent a Luerenzweiler blesséiert, wéi e géint e Bam gerannt ass. D'Secouriste vu Lëntgen a Miersch waren op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO