
Aktuell sinn 49 Persounen hospitaliséiert, dovunner sinn 13 Patienten op der Intensivstatioun.
Am Ganze goufe bis ewell 880.176 Impf-Dosisse genotzt. 3.068 Leit sinn e Méindeg geimpft ginn. 425.854 Leit gëllen als komplett geimpft.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,15. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert. D'Santé zielt aktuell 3.445 aktiv Infektiounen.