Ganzdagsschoul fir 650 Schüler15 Joer Lycée Ermesinde

Christophe Hochard
E Samschdeg hat de Lycée Ermesinde op eng Porte-Ouverte invitéiert. D'Leit konnte sech e Bild vun der Schoul maachen.
15 Joer Lycée Ermesinde
E Samschdeg hat de Lycée Ermesinde op eng Porte-Ouverte invitéiert. D'Leit konnte sech e Bild vun der Schoul maachen.

Am Joer 2005 gouf de Lycée Ermesinde an d'Liewe geruff. Deemools ënnert dem Numm "Neie Lycée". Mëttlerweil ass d'Schoul zu Miersch doheem, huet een Internat fir d'Schüler an eng ronn 100 Leit encadréieren déi Jonk.

Ronn 650 Schüler a Schülerinne sinn dëst Schouljoer am Lycée zu Miersch ageschriwwen. De Lycée Ermesinde ass eng Ganzdagsschoul. Mam Zil, all Schüler ze hëllefen, am Liewen ze reusséieren. Dofir gëtt hei an der Schoul versicht méi op déi Jonk anzegoen.

Back to Top
CIM LOGO