
Eurostat huet de Weekend eng nei Statistik publizéiert, an där sech mat de sougenannte "Working-poor" auserneegesat gëtt, also deene Leit iwwer 18 Joer, déi, obwuel se eng Aarbechtsplaz hunn, riskéieren an d'Aarmut ze rutschen.
Lëtzebuerg läit hei mat 13,5% op der traureger 2. Plaz, dat sou just hannert Rumänien (15,3%). Hannendru komme Spuenien (12,9%), Italien (12,2%), Groussbritannien (11,3%), Griicheland (11%), Bulgarien (9,9%), Polen (9,8%) a Portugal (9,8%), alles Länner, déi alleguerten iwwert der EU-Moyenne (9,5%) leien.
An de leschten 10 Joer ass a praktesch alle Länner an der EU de Risk, fir an d'Aarmut trotz Aarbecht ze rutschen, geklommen, allerdéngs néierens esou dramatesch, wéi zu Lëtzebuerg. Hei am Grand-Duché ass dësen Taux nämlech ëm 4,2 Punkte geklommen. Hannendru kommen Italien mat 3,2 Punkten, Groussbritannien mat 2,8 Punkten an Ungarn mat 2,6 Punkten.
Um Ordre du Jour en Dënschdeg an der Chamber stoung dann ënnert anerem eng Interpellatioun vum CSV-Deputéierte Paul Galles iwwert d'Aarmut an den Aarmutsrisiko.
Méi Detailer iwwert de Bericht ginn et op der Säit vun Eurostat.