
Bis Enn Oktober hunn am Ganze 909 Mënschen international Protektioun zu Lëtzebuerg ugefrot gehat. Zejoert waren et der bannent där Zäit méi wéi duebel sou vill. D'Asyldemandeure komme virun allem aus Syrien, Eritrea, Afghanistan, Venezuela, Irak, Tierkei an dem Iran.
Fir dëst Joer goufe schonn 1.231 Decisioune geholl. 611 Mënsche kruten de Statut vum Refugié unerkannt, d'Hallschent also.
Dëst Joer goufen et 75 Retoure vu Lëtzebuerg erfort, dovu waren der 54 fräiwëlleg an 21 forcéiert.