Zu Lëtzebuerg116 Entreprisë goufen am Mäerz als faillite deklaréiert

RTL Lëtzebuerg
D'Zuel vun de Faillite läit domat um Niveau vu virun der Kris.

Eng däitlech Hausse vu Firmen, déi net méi kënne bezuelen, ass bis ewell net constatéieren. Ma de Statec geet awer dovunner aus, datt dat déi nächst Méint de Fall wäert sinn.

Nieft Faillitten op der Finanzplaz koumen am Mäerz virun allem Deklaratiounen aus de Beräicher Commerce, Horeca oder wëssenschaftlech Aktivitéiten.

Am Mäerz goufen et nieft 116 Faillitten iwwerdeems 183 Liquidatiounen.

Dës Zuele vum Justizministère huet de Statec e Mëttwoch matgedeelt.

Back to Top
CIM LOGO