Immigratioun116 Asyldemanden am Mäerz, déi meescht vu Syrer

RTL Lëtzebuerg
Am Mäerz koumen bei den Autoritéiten 116 därer Demanden eran.

Den Ausseministère huet déi neiste Statistiken iwwert d’Demanden fir Protection internationale publizéiert.

Am Mäerz koumen bei den Autoritéiten 116 därer Demanden eran. D’lescht Joer ëm déi selwescht Zäit waren et 220 Demanden.

Bis ewell sinn am Januar Februar a Mäerz vun dësem Joer zesummen 376 Ufroen op internationale Schutz erakomm.

Déi meescht goufe vu Syrer gestallt, et waren dat 24. Als zweet sinn et Eritreeër gewiescht, mat 14 Persounen, déi esou eng Demande gemaach hunn.

PDF: Statistiques protection internationale

Back to Top
CIM LOGO