
Den Duerchschnëttsalter vun den Doudesaffer läit bei 83 Joer, d'Altersmediane bei 85. Bei den Infektiounen ass et bannent de leschte 24 Stonnen eng Hausse vun 11 positiv geteste Patienten. Dat sinn der elo am Ganzen 3.665.
Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 36.891 Tester gemaach. Zanter en Dënschdeg waren et der 804 an dovunner waren der 11 positiv.
Aktuell sinn 165 (-17) Patienten hospitaliséiert, 27 (-2) dovun op der Intensivstatioun. Am Ganze konnte bis ewell 728 (+17) Mënschen d'Spidol nees verloossen.

