Areler Autobunn11 Flüchtlingen aus Eritrea a Camionsremorque fonnt

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op en Donneschdeg hat e Camionschauffer op der "Aire de Capellen" eppes Verdächteges an Uecht geholl an direkt d'Police alarméiert.

Op der Plaz huet sech erausgestallt, dass 11 Persounen aus Eritrea an der Remorque vum Camion dra souzen. D'Police judiciaire an den zoustännege Service vum Ausseministère goufe kontaktéiert.

Back to Top
CIM LOGO