Coronavirus zu Lëtzebuerg1 weider Persoun gestuerwen, 10 nei confirméiert Fäll

RTL Lëtzebuerg
En Mëttwoch huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vu Leit, déi zu Lëtzebuerg um Coronavirus gestuerwe sinn, op 103 geklommen ass.
© RTL-Grafik

Den Duerchschnëttsalter vun den Doudesaffer läit bei 84 Joer, d'Altersmediane bei 85 Joer. Vun den 103 Doudesaffer si 65 Prozent am Spidol gestuerwen. 56 Prozent si Männer a 44 Prozent si Fraen.

Bei den Infektiounen ass et bannent de leschte 24 Stonnen eng Hausse vun 10 positiv geteste Patienten. Dat sinn der elo am Ganzen 3.904. Vun den Infizéierte sinn der 3.161 Residenten.

Vun den 3.904 Infizéierte sinn der mëttlerweil 3.629 geheelt, 172 Patiente sinn nach mam Coronavirus infizéiert.

Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 57.687 Tester gemaach, 1.293 Tester goufe bannent de leschte 24 Stonne gemaach.

Aktuell si 89 (+1) Patienten hospitaliséiert, 22 dovun op der Intensivstatioun. Am Ganze konnte bis ewell 887 (+1) Mënschen d'Spidol nees verloossen.

De Reproduktiounstaux läit bei 0,993.

Back to Top
CIM LOGO