
Aktuell sinn 141 Persounen hospitaliséiert, dovunner 30 op der Intensivstatioun, 1 dovu kënnt aus der Regioun Grand-Est.
2.710 Persoune kruten e Donneschdeg hir 1. Dosis, fir 988 Leit war et déi 2. Dosis. Am Ganze goufe bis ewell 99.356 Dosisse gesprëtzt.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,94. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.