
En Donneschdeg den Owend um 19.40 ass e jonke Mann um Glacis vun 3 Männer iwwerfall ginn. Dobäi gouf him eng Kette vum Hals gerappt. Déi 3 onbekannten Täter sinn duerno a Richtung Royale Hamilius fortgelaf. D'Affer ass beim Ugrëff net blesséiert ginn.
Op der Streck Leideleng-Riedgen war géint 21.00 eng Chauffesch mat hirem Auto vun der Strooss ofkomm an an e Bam gerannt. D'Fra, déi eleng an hirem Gefier souz, gouf liicht blesséiert. Si hat ze vill gedronk a krut de Fürerschäin ofgeholl. E provisorescht Fuerverbuet gouf ausgestallt.
E Freideg de Moien géint hallwer 7 dann hat e Chauffer op der N1 tëscht Wecker a Potaschbierg d'Kontroll iwwert säi Won verluer. Och hien ass an e Bam gerannt a koum an engem Feld un d'Halen. De Chauffer, dee liicht verwonnt gouf, ass an d'Klinick transportéiert ginn.