CGDIS1 Blesséierten no Accident zu Déierbech

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg géint 19.36 Auer ass zu Déierbech, Am Saifert, en Automobilist mat sengem Gefier an e Luuchtepotto gerannt.
© RTL-Archiv

Eng Persoun gouf heibäi verwonnt. Op der Plaz waren d'Pompjeeë vu Wëntger an d'Ambulanz vu Wolz.

Kuerz virun 1 Auer um Méindeg huet zu Déifferdeng an der Rue de Soleuvre en Auto gebrannt. Do blouf et bei Materialschued. Pompjeeë vu Suessem-Déifferdeng a vu Käerjeng waren op der Plaz, grad ewéi d'Ambulanze vu Suessem-Déifferdeng a vun Esch.

Back to Top
CIM LOGO