CGDIS1 Blesséierte bei Accident tëscht Auto a Moto

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg géint 18.25 Auer sinn an der Stad am Eecher Bierg en Auto an e Motorrad net laanschtenee komm.

Wéi de CGDIS mellt, gouf bei deem Accident eng Persoun verwonnt. D'Stater Pompjeeën an d'Ambulanz waren op der Plaz.

D'Police präziséiert, dass den Accident geschitt ass, well d'Virfaart net respektéiert gouf. De Motocyclist konnt den Auto net méi evitéieren, deen aus enger Niewestrooss op d'Côte d'Eich gefuer ass.

Back to Top
CIM LOGO