
D'Paulette Lenert erënnert drun, dass déi Reserv iwwer zwee Weeër gespeist gouf: Engersäits hat de Ministère Leit, déi net berufflech aktiv waren, agestallt, an anerersäits ware Studenten engagéiert ginn.
Dee Moment, dat heescht virun enger Woch, waren eng 700 Leit um Terrain affektéiert, sief et an engem Spidol, engem Fleegeheim oder engem CSA. De Käschtepunkt heivun hat d'Ministesch op eppes méi wéi 10,3 Milliounen € geschat.