Mat 2,47 Promill ugehale ginn1.250 Euro Geldstrof a Fuerverbuet vun 2 Joer, annerhalleft dovu mat Sursis
Dozou ass e Freideg e Mann, deen am September um Boulevard Royal mat 2,47 Promill ugehale gi war, um Stater Geriicht condamnéiert ginn.
De Mann vu 67 Joer wollt viru knapp 3 Méint nom Hämmelsmarsch um Cents mam Auto heemfueren, war awer am staarken Zickzack ënnerwee.