
Insgesamt hu sech vu ronn 370.000 komplett geimpfte Persounen 1.381 mam Sars-CoV-2 infizéiert.Et gëtt Ënnerscheeder tëscht de verschiddene Vaccinen, esou infizéiere sech Persounen, déi mat Moderna geimpft goufen, prozentual gesinn am mannsten heefeg. Deen aneren mRNA-Vaccin, deen zu Lëtzebuerg genotzt gëtt, kënnt op en Taux vun 0.32 Prozent. De Vecteur-Impfstoff vun AstraZeneca läit bei 0.42 Prozent, dee vun Johnson&Johnson kënnt op 0.86 Prozent. D'Reiefolleg vun der Wierksamkeet vun de Vaccinen entsprécht den Daten, déi an anere Länner virleien.
| Vaccin | komplett geimpft | Infektiounen | A Prozent |
| Biontech/Pfizer | 248.157 | 791 | 0,32 |
| Johnson&Johnson | 36.890 | 316 | 0,86 |
| AstraZeneca | 50.451 | 212 | 0,42 |
| Moderna | 34.783 | 62 | 0,18 |
| Total | 370.281 | 1.381 | 0,37 |
Source: Gesondheetsministère - Stand: 20.09.2021
