D’Produktivitéit, dat ass de PIB, dee pro Aarbechtskraaft, respektiv pro geleeschten Aarbechtsstonn generéiert gëtt. De Lëtzebuerger PIB läit bei ronn 92 Milliarden Euro, eng 512.000 Leit schaffen hei am Land, dat mécht deemno ee Produktivitéitswäert vun zirka 180.000 Euro.
An absolutten Zuelen ass Lëtzebuerg nach ëmmer e Musterschüler. Mee dee Musterschüler verspillt säi Virsprong op aner Länner, wéi dëse Verglach mat der Eurozon weist. Déi national Produktivitéit stagnéiert zënter Joerzéngten, ass déi lescht Joren esouguer réckleefeg. De Serge Allegrezza, President vum Conseil National de la Productivité, beschreift dat als “Lëtzebuerger Paradox”. Et ass eng Tendenz, déi him Suerge mécht. Wann d’Produktivitéit weider zeréckgeet, kann den héije Salairesniveau hei am Land net méi gehale ginn. Dat ass schlecht fir d’Residenten, mee och fir Leit aus dem Ausland unzezéien.
Schold, wann een esou soe kann, ass déi grouss Finanzplaz. Déi suergt op der enger Säit dofir, dass d’Produktivitéit hei am Land esou héich ass, mee op der anerer Säit stagnéiert grad an dësem Secteur d’Produktivitéit, well et hei – bis viru KI – nëmme wéineg Sputt fir ze rationaliséiere gouf.
Et ginn zwee Produktivitéitsdreiwer: d’Investissementer an d’Innovatiounen. Hei gi virun allem grouss Hoffnungen an d’Kënschtlesch Intelligenz gesat. De Produktivitéitsconseil gëtt Lëtzebuerg do awer eng schlecht Zensur. De Serge Allegrezza bedauert, dass esouwuel de Privatsecteur wéi och déi ëffentlech Hand hir Investitiounen zeréckgeschrauft hunn an dass et och um néidegen Innovatiounsgeescht feelt.
Nieft Investissementer an Innovatioune ginn et awer och méi soft Facteuren, déi sech op d’Produktivitéit auswierke kënnen. Am Rapport ginn do virop de Management an d’Aarbechtskonditiounen genannt. Mataarbechter, déi sech an hirem Betrib wuelfillen, wieren nogewisen och méi produktiv...