De Lëtzebuerger Kach Pit Wanderscheid a seng Fra d’Vero sinn den Ament zu New York. Si hunn de Schnéistuerm vun de leschte Stonnen hautno materlieft. Am RTL-Interview erzielt de Pit Wanderscheid, wéi d’Koppel dës Situatioun erlieft hunn. Och wann den Ausnamezoustand ausgeruff gouf a just déi absolutt noutwenneg Servicer wéi Police a Pompjeeën nach am Asaz waren, wier “bei den New Yorker keng Panik ze spiere” gewiescht. En Dënschdeg wier en an der sougenannter véierter Phas vum “Blizzard” gewiescht, also an der “Opraumphas, wou de Schnéi eben ufänkt mat Schmëlzen”. E Méindeg de Moie wier et awer “onméiglech” gewiescht erauszegoen an och bis haut wier et wéinst de Schnéimassen “eng Aventure fir sech virun ze beweegen”, esou de Pit Wanderscheid.
Bis zu siwen Zentimeter Schnéi pro Stonn kéinten un der US-Ostküst an an den nërdleche Regioune vun den USA erofkommen.
E schwéiere Schnéistuerm huet den Nordoste vun den USA getraff a fir massiv Ausfäll gesuergt. Méi wéi 600.000 Haiser a Betriber waren e Méindeg ouni Stroum. Am stäerkste betraff ass de Staat Massachusetts, wou bal 300.000 Leit ouni Elektrizitéit sinn. Och New Jersey, Delaware an Rhode Island si staark betraff.
Tëscht dem Delaware a Massachusetts sinn 38 bis 50 Zentimeter Schnéi gefall. Déi héchst Wäerter goufen op Long Island am Bundesstaat New York an an Rhode Island gemooss, mat bis zu 66 Zentimeter. Dobäi koumen hefteg Wandstéiss, ënner anerem bis zu 124 km/h um Nantucket Memorial Airport.
E Stuerm vun dësem Ausmooss hätt New York zanter zéng Joer net méi erlieft. De Schnéistuerm war zum Deel esou staark, datt een d’Héichhaiser vun der Wallstreet vu Brooklyn aus, wat op der anerer Säit vum East River läit, net méi konnt gesinn.
Elo sinn déi ronn 8 Millioune Leit zu New York vum Stuerm betraff. Mat dem nationale Wiederdéngscht no kéinte bis zu 54 Milliounen US-Bierger vum Stuerm getraff ginn, dat nieft New York och zu Washington an a groussen Deeler vum US-Bundesstaat Maine. De Blizzard kéint tëscht fënnef a siwen Zentimeter Schnéi pro Stonn mat sech bréngen, also plazeweis bis zu 60 Zentimeter. Dobäi kommen nach Wandspëtzte vu bis zu 100 Kilometer an der Stonn.