
Zu Berlin gesi sech dëse Freideg Vertrieder vum Staat, de Bundeslänner, der däitscher Bunn an de Gewerkschaften, fir ze beroden, wéi d’Sécherheet fir d’Mataarbechter am Schinnentrafic kéint verbessert ginn. Dat virum Hannergrond vun der déidlecher Attack op e Kontroller an engem Zuch a Rheinland-Pfalz d’lescht Woch.
D’Eisebunnsgewerkschafte fuerdere fir hir Memberen, dass den Asaz vu Kierper-Kameraen erlaabt gëtt an, dass Kontrollere just nach zu zwee an de Regional-Expresser sollen ënnerwee sinn.
Den Täter, dee griichesch an albanesch Originnen huet, huet jo hei zu Lëtzebuerg gewunnt a sëtzt zu Zweebrécken an Untersuchungshaft. Hie soll de Kontroller mat Fäischt attackéiert hunn, wéi deen hien no sengem Ticket gefrot huet. Wéi hie kee valabele Billjee konnt virweisen an de Kontroller hien um nächsten Arrêt wollt aus dem Zuch schécken, koum et zum aggressive Verhalen. Dat hunn Zeie confirméiert an et gouf och op Iwwerwaachungskameraen am Regionalexpress festgehalen.
Déi däitsch Bild-Zeitung mellt dëse Freideg, dass de Mann eréischt virun engem hallwe Joer aus Griichenland an de Grand-Duché geplënnert wär an en Zëmmer an engem Haus an der Gemeng Leideleng gelount hätt.
E Reporter huet och mat den Nopere geschwat, déi hien als aggressiv awer och als Eenzelgänger beschriwwen hunn. Hien hätt 3 Handysnummere gehat: eng englesch, eng däitsch an eng lëtzebuergesch.
De Leidelenger Buergermeeschter Lou Linster confirméiert, datt de presuméierten Täter an engem Haus a senger Gemeng gewunnt huet. Fir genee ze sinn um Schléiwenhaff. D’Wort hat dat als éischt geschriwwen. De 27 Joer ale Griich wier zanter fënnef Méint regulär op där Adress ugemellt gewiescht. Reklamatioune vu Gewalt oder Kaméidi hätt d’Gemeng keng kritt, sou de Lou Linster op eis Nofro. Nopere wiere just un déi Gemengeresponsabele erugetrueden, fir sech driwwer ze beschwéieren, datt Autoen ouni Vignette virun der Dier laanscht d’Strooss geparkt hätten. Beim Haus handelt et sech ëm en Eefamilljenhaus, dat virun zwee Joer zu engem sougenannte “Co-Living” ëmfunktionéiert gouf. D’Gemeng hätt déi sechs “chambres meublées” zwee mol och kontrolléiert. Den Ament géifen nach 5 Persounen do wunnen, sou den DP-Buergermeeschter.