E Schaffner, deen e Méindeg bei enger Ticketskontroll ugegraff a liewensgeféierlech blesséiert gouf, ass e Mëttwoch u senge schwéiere Blessure gestuerwen, wéi d’Deutsche Bahn zu Berlin matdeelt. “Mir alleguerte bei der Deutsche Bahn verurteele mat aller Schäerft dëse schreckleche Gewalt-Exzess an den absolut sënnlosen Doud vun eisem Kolleeg. Mir mussen eis all d’Fro stellen, firwat et ëmmer nees zu esou Gewaltausbréch kënnt”, sou d’Cheffin vum Verwaltungsrot vun der Bahn, d’Evelyn Palla.
Wéi d’Polizeipräsidium Westpfalz en Dënschdeg matgedeelt hat, war de Schaffner e Méindeg den Owend an engem Regionalexpress bei enger Ticketskontroll attackéiert ginn, wéi den Zuch vun der Gare vu Landstuhl fortgefuer war. Hien hat kuerz virdru versicht, e Passagéier ouni valabelen Ticket aus dem Zuch ze verweisen. De 36 Joer alen Zuchbegleeder hat beim Ugrëff esou schwéier Blessuren dovugedroen, datt hien op der Plaz hat musse reaniméiert ginn, sou d’Police weider. De Schwéierblesséierte war dono vun de Rettungsdéngschter an e Spidol bruecht ginn.
De 26 Joer ale presuméierten Täter gouf nach op der Plaz festgeholl. D’Ermëttlunge wéinst dem Verdacht op versichten Doudschlag huet d’Kriminaldirektioun Kaiserslautern iwwerholl. De Parquet vu Saarbrécken huet e Mëttwoch den Owend éischt Detailer genannt. Beim presuméierten Täter soll et sech ëm e Lëtzebuerger Resident handelen. Wéi et weider heescht, hätt de 26 Joer ale Mann déi griichesch Nationalitéit. Hie soll den Zuchbegleeder mat der Fauscht op de Kapp geschloen hunn.
De Chef vun der Eisebunnsgewerkschaft EVG Martin Burkert hat keng Wierder nom Ugrëff an huet sech schockéiert gewisen. Virun allem wier d’Zuchpersonal “rosen”, well d’Zuel vun den Iwwergrëffer an Zich a Busser zanter Jore klamme géif – ouni Reaktioun vun der Politik. Iwwer Jore wier bei der Sécherheet vum Personal an de Passagéier gespuert ginn, huet de Gewerkschaftschef resuméiert. “A villen Zich am Noverkéier ass nëmmen een Zuchbegleeder am Asaz. Sécherheetspersonal fiert bal ni mat”, sou nach de Martin Burkert weider.