D’Hëllefsorganisatioun Rouden Hallefmound, déi fir d’Rout Kräiz a muslimesche Gebitter aktiv ass, mellt zanter dem Ufank vun den Ugrëffer op den Iran op d’mannst 555 Doudeger. Eng 131 Stied uechter d’Land wiere getraff ginn, heescht et weider.
De Rafael Grossi, Chef vun der Internationaler Opsiichtsagence fir Atomenergie IAEA, huet iwwerdeems e Méindeg gemellt, datt bis elo nach keng nuklear Infrastruktur am Iran soll getraff oder beschiedegt gi sinn. Bei enger Sëtzung um Méindeg huet de Rafael Grossi weider gesot, datt d’Kommunikatioun mam Iran nees sou séier wéi méiglech soll opgeholl ginn.
Den iranesche Militär huet seng eegen Attacken op Länner an der Regioun ausgebaut. Zumools Stied an Israel goufen Zil vun neien Attacken.
Bei israeelesche Loftugrëffer am Libanon si méi wéi 30 Persounen ëm d’Liewe komm. Eng 150 Blesséierter goufen och gemellt, huet de libanesesche Gesondheetsministère e Méindeg matgedeelt. Gläichzäiteg huet d’israeelesch Arméi domat gedreet, hir Attacke géint d’Hisbollah weider ze verstäerken.
E Grond fir eng Invasioun mat Buedemtruppe géing een awer nach net gesinn, esou e Spriecher vun der israeelescher Arméi.
D’iranesch Arméi huet e Méindeg matgedeelt, datt een d’US-Loftwaffebasis Ali Al Salem am Kuwait, souwéi och Schëffer am Indeschen Ozean viséiert hätt – dobäi wieren “15 Cruise-Rakéiten” agesat ginn. Kuwait selwer huet confirméiert, datt e puer US-Kampffligeren ofgestierzt sinn.
All d’Leit u Bord hätten iwwerlieft, esou e Spriecher vum Verdeedegungsministère weider. Si wieren a Spideeler bruecht ginn a wieren an engem “stabillem” Zoustand. D’Ursaach vum Crash gëtt de Moment nach ënnersicht.
An der Haaptstad Kuwait-City war e Méindeg de Moien och de Loftalarm ze héieren, dat kuerz nodeem Damp iwwert der US-Ambassade ze gesi war. D’diplomatesch Vertriedung huet fir d’éischt keen Impakt confirméiert, awer dozou opgeruff, net an d’Géigend vum Gebai ze goen.
Zousätzlech goufe Schied bei enger Raffinerie gemellt, och zwee Aarbechter sollen dobäi blesséiert gi sinn. D’Produktioun wier awer net gestéiert ginn, wéi et vun offizieller Säit heescht.
De President vun Zypern huet e Méindeg den Ugrëff duerch eng iranesch Dron op eng brittesch Militärbasis op der Insel confirméiert. D’Dron hätt “kuerz no Hallefnuecht” d’Basis Akrotiri an der Géigend vu Limassol am Süde vu Zypern getraff an do “gerénge Schued” verursaacht, sou de President Nikos Christodoulides e Méindeg.
Déi brittesch Ausseministerin Yvette Cooper huet matgedeelt, datt eng Landebunn vum Fluchhafe getraff gouf. Et wier de Moment net méiglech, “weider an detailléiert Informatiounen ze ginn”, all“Virsiichtsmoossnamen” wieren awer geholl ginn.
Groussbritannien hat e Sonndeg den USA erlaabt, seng Stëtzpunkte fir “defensiv” Militär-Moossnamen ze notzen. D’Presidentin vun der EU-Kommissioun Ursula von der Leyen huet Zypern iwwerdeems d’Solidaritéit vun der Unioun zougeséchert.