
Um Triftgletscher bei Saas-Grund hat e Wanderer Enn Juli d'Iwwerreschter vun zwee mënschleche Kierpere fonnt an d'Autoritéiten alarméiert. Fir eng Identifizéierung waren d'Läichen an d'Institut für Rechtsmedizin vum Spidol Wallis zu Sitten bruecht ginn. Duerch en direkte Verglach mat DNA-Profille konnt ouni Zweiwel confirméiert ginn, dass et sech ëm zwee Alpinisten handelt, zanter 1992 an der Regioun Weissmies als vermësst gegollt hunn, sou d'Kantonspolizei Wallis an engem Communiqué.
Béid Männer haten déi belsch Nationalitéit a waren zum Zäitpunkt vun hirem Verschwannen 39 an 41 Joer al. Bei der Schwäizer Police gëtt et eng Lëscht vu vermësste Persounen, an där Meldungen erfaasst sinn, déi bis 1925 zréckginn. Dobäi handelt et sech gréisstendeels ëm Persounen, déi an den héije Bierger oder a Flëss a Gewässer verschwonne sinn.
Duerch de Réckgang vun de Gletschere kënnt et ëmmer nees vir, dass stierflech Iwwerreschter vu Mënschen opdauchen, déi virun enger Rei Joerzéngte verschwonne waren. Um Obergabelhorn bei Zermatt war d'lescht Joer en doudegen Alpinist fonnt ginn, deen zanter 1994 vermësst war.