"Zerbriechlechen" AccordInternational Erliichterung iwwer Wafferou am Iran, ma Golfstaate mellen nei Ugrëff

AFP, iwwersat vun RTL
International gouf mat Erliichterung op d'Eenegung fir eng Wafferou vun zwou Wochen am Iran-Krich reagéiert.
Den Donald Trump huet eng Wafferou vun zwou Wochen am Iran annoncéiert
Vun e Freideg u soll et zu Islamabad zu direkte Verhandlunge kommen.

Eng Rei europäesch Länner a Kanada hunn e Mëttwoch d’“béidsäiteg Wafferou”, déi vum US-President Donald Trump annoncéiert gi war, begréisst. Änlech hu sech och China a Russland geäussert. Och op de Boursse war d’Reaktioun positiv. Den US-Vizepresident JD Vance huet d’Wafferou iwwerdeems als “zerbriechlech” bezeechent. Eng Rei Golfstaaten hunn iwwerdeems awer weider iranesch Ugrëff gemellt.

Däitschland an aner europäesch Länner, genee wéi Kanada, hunn d’Wafferou begréisst, déi vu Pakistan vermëttelt gi war. Et misst elo “séier Fortschrëtter a Richtung vun enger substanzieller Verhandlungsléisung ginn”, huet et an enger Erklärung vu Berlin geheescht. “Mir ruffen all Säiten dozou op, de Waffestëllstand ëmzesetzen, och am Libanon”. De Lëtzebuerger Premier Luc Frieden huet d’Wafferou “e Schrëtt an eng gutt Richtung” genannt. Déi israeelesch Regierung hat matgedeelt, d’Wafferou ze ënnerstëtzen. Déi géif allerdéngs, anescht wéi vu Pakistan gesot, net fir de Libanon gëllen. Den Iran-Krich hat sech Ufank Mäerz op de Libanon ausgebreet.

Déi russesch Regierung huet engem Spriecher vum Kreml no “d’Decisioun, net weider um Wee vun engem bewaffente Konflikt ze goen”, begréisst. Och China huet positiv op den Accord reagéiert, wéi eng Spriecherin vum Ausseministère matgedeelt huet. Dem Trump senger Aschätzung no hätt Peking Teheran dozou gedréckt, d’Wafferou unzehuelen, wéi hien der AFP géigeniwwer sot. China ass de wichtegsten Handelspartner vum Iran an de wichtegste Keefer vun iraneschem Pëtrol.

Den UN-Generalsekretär Antonio Guterres huet all Krichsparteien opgeruff, “d’Conditioune vun der Wafferou anzehalen”. D’EU-Aussebeoptragt Kaja Kallas huet vun enger “dréngend néideger Chance” fir d’Diplomatie geschwat.

Trump feiert “total a komplett” Victoire

Den US-President Trump hat déi zwou Woche laang Wafferou a sengem Online-Déngscht Truth Social bekannt ginn. “All militäresch Ziler” wiere schonn erreecht, huet hien deklaréiert. Den USA no wieren d’Fäegkeete vum Iran, fir Rakéiten ze bauen, zerstéiert ginn. Den Trump huet der Noriichtenagence AFP géigeniwwer vun enger “totaler a kompletter” Victoire fir Washington geschwat.

Ma och den Iran huet sengersäits vun enger “grousser Victoire” geschwat, wéi et an enger Erklärung vum Ieweschten Nationale Sécherheetsrot geheescht huet. Teheran huet sech bereet erkläert, d’Strooss vun Hormuz, déi fir d’Weltwirtschaft onheemlech wichteg ass, fir d’éischt emol nees fir d’Schëfffaart op ze maachen. D’Pëtrolspräisser sinn doropshin nees gefall an d’Aktien-Course si weltwäit geklommen.

E Freideg sollen dem Iran no Gespréicher mat den USA iwwert een dauerhaft Ofkommes an der pakistanescher Haaptstad Islamabad ufänken. Den US-Vizepresident Vance huet d’Féierung am Iran zu “opriichtege Verhandlungen” opgeruff. Den Trump wier “ongedëlleg, Fortschrëtter ze maachen”.

Den US-Verdeedegungsminister Pete Hegseth huet gesot, et géif een “am Hannergrond prett stoen”, fir sécherzestellen, datt den Iran d’Conditioune vun der Wafferou géif anhalen. D’US-Arméi wier potentiell bereet, mat den Ugrëff nom Enn vun der Wafferou nees weider ze maachen, esou den US-Generalstabschef Dan Caine.

Den Hegseth huet och domat gedreet, d’USA géife sech de Stock un héichugeräichertem Uran am Iran wann néideg “mat alle Mëttelen, déi zur Verfügung stinn”, huelen, wann den Iran se net géif hierginn. Hien huet och op weider Ugrëff, wéi déi vun den USA an Israel am Juni op iranesch Atomanlagen, higewisen.

Uran schéngt Sträittheema am Accord ze sinn

Den Trump huet erkläert, d’USA hätten een 10-Punkte-Plang vun Teheran, deen eng “zolidd Basis” fir weider Verhandlunge géif duerstellen. De Plang gesäit iranesche Staatsmedien no awer ënnert anerem vir, datt d’USA dem Iran d’Uräicherung vun Uran erlaben. Den Trump hat awer de Stopp vum iraneschen Atomprogramm zur Conditioun fir een Accord mat Teheran gemaach. De Weste geheit dem Iran zanter Jore vir, eng Atombomm unzestriewen.

D’Iranesch Revolutiounsgarden hunn iwwerdeems erkläert, si hätten no dem Accord iwwert eng Wafferou “kee Vertrauen” an d’Versprieche vun den USA. Si géife léiwer “de Fanger um Ausléiser” behalen, wéi et an enger Erklärung am Online-Déngscht Telegram geheescht huet. D’Revolutiounsgarden hunn doropshin och d’Golfstaaten opgefuerdert, hir “Zesummenaarbecht” mat den USA op een Enn ze bréngen.

Eng Rei Golfstaaten hunn iwwerdeems nei iranesch Ugrëff gemellt. De Verdeedegungsministère vun de Vereenegten Arabeschen Emirater huet erkläert, zanter dem Accord fir eng Wafferou wiere 17 Rakéiten a 35 Dronen aus dem Iran a Richtung vun den Emirater ofgeschoss ginn. D’Loftofwier hätt “erfollegräich” drop reagéiert. D’Arméi vum Kuwait huet matgedeelt, Pëtrols-Anlagen, Kraaftwierker an Entsalzungsanlagen wiere schwéier beschiedegt ginn. E Mëttwoch de Moien hat schonn den Inneministère vum Bahrain ee Feier duerch “iranesch Aggressioun” gemellt.

Den Iran-Krich hat den 28. Februar mat Ugrëff vun den USA an Israel op déi Islamesch Republik ugefaangen. Teheran huet mat Rakéiten- an Dronenugrëff op Israel an op eng Rei Golfstaaten an US-Ariichtungen an der Regioun reagéiert.


Back to Top
CIM LOGO