"Partei vum Haass"Trump a Vance attackéieren Demokrate schaarf um zweete Parteidag vun de Republikaner

AFP, iwwersat vun RTL
Knapp zwee Méint virun de wichtege Kongress-Tëschewalen an den USA hunn den US-President Donald Trump a säi Stellvertrieder JD Vance déi oppositionell Demokrate schaarf attackéiert.
Knapp zwei Monate vor den wichtigen Kongress-Zwischenwahlen in den USA haben US-Präsident Donald Trump und sein Stellvertreter JD Vance die oppositionellen Demokraten scharf attackiert. "Die Demokraten sind die Partei des Hasses", sagte Vance.
Um Parteidag vun de Republikaner huet de Vizepresident JD Vance (lénks) d'Demokraten als "Partei vum Haass" bezeechent.
© AFP

"D'Demokrate sinn d'PArtei vum Haass", esou de Vance en Donneschdeg um Parteidag vun de Republikaner zu Dallas am Bundesstaat Texas. "Si sinn d'Partei, déi Amerika an d'Mënschen, déi et opgebaut hunn, veruecht."

Um Dag virum 25. Joresdag vun den Terroruschléi vum 11. September 2001 huet de Vance iwwerdeems den Demokrate reprochéiert, et géing an hire Reie "Matgefill fir d'Terroristen, déi 9/11 begaangen hunn" ginn.

Wéi scho sou dacks huet den Donald Trump nees vu "lénksradikalen" Demokrate geschwat, déi senger Meenung no "nervös" géinge ginn.

Dobäi dreet senger Partei bei de sougenannte "Midterms" am November eng Néierlag. Aktuelle Sondagen no kéinten d'Republikaner hir Majoritéit am Representantenhaus verléieren. Ënner anerem dem Donald Trump säin onpopuläre Krich géint den Iran ass e Grond heifir.

Bei hirem zwee Deeg laange Parteidag zu Dallas wëllen d'Republikaner Wieler mobiliséieren. Nieft dem Trump spillt dobäi och den JD Vance eng prominent Roll, well de 42 Joer ale Vizepresident als méigleche Kandidat fir dem Trump seng Successioun gëllt.

E Mëttwoch hat den US-President mam Versprieche fir Opmierksam gesuergt, all erwuessenem US-Bierger 5.000 Dollar ze schenken, falls d'Republikaner d'Majoritéit am Kongress halen. En Donneschdeg hat hie säi Verspriechen um Ofschloss vum Parteidag nach emol erneiert. Donieft huet den Trump seng Wielerschaft dozou opgeruff, esou ze maachen, wéi wann hien am November op de Walziedele stoe géing, wat jo net de Fall ass.

Et ass déi éischte Kéier, datt d'Republikaner hire Parteidag virun de Midterms ofhalen. Normalerweis ass dëst virun de Presidentiellen de Fall.

Liest dozou och hei:

Back to Top
CIM LOGO