
D’USA stoppen hir Attacke géint den Iran iwwerdeems den Iran de Passage vun Hormuz fir de Schëff-Verkéier nees opmécht. D’USA haten dem Iran bis e Mëttwoch 2 Auer eiser Zäit ginn, fir dat ze maachen a falls dat net geschéie géing, géing den Iran, och zivil Infrastruktur, massiv bombardéiert ginn.
Den Accord tëscht de Krichsparteie koum ënnert Mediatioun vu Pakistan zustane – Gespréicher sollen an der pakistanescher Haaptstad Islamabad virugoen – éischte Rendez-vous wier e Freideg. D’Wäisst Haus huet esouguer d’Participatioun vum US President perséinlech an Aussiicht gestallt.
Vum iranesche Regime heescht et, d’USA hätten hiren 10-Punkte-Plang acceptéiert, datt den Iran weider Uran fir zivil Zwecker soll kënnen uräicheren an d’Sanktioune géingen opgehuewe ginn. Donieft sollen agefruere Gelder fräi ginn a Kompensatiounen un den Iran bezuelt ginn. Den US-President Donald Trump sot selwer, de Plang vum Iran wier eng gutt Basis fir en dauerhafte Fridden am Mëttleren Osten. D’USA hätten all hir Objektiver erreecht. Béid Säite schwätze vu Victoire an hunn e rhetoresche Wee fonnt, fir d’Gesiicht ze behalen.
Israel acceptéiert och de Cessez-le-feu. De Libanon wier par konter net Deel vum Accord, sou widdersprécht de Büro vum Premier Netanyahu e Mëttwoch de Moien der Versioun vum Pakistan.
Nach sinn um Internetsite “Marine traffic” keng Tanker oder Cargo-Schëffer an der Strooss vun Hormuz ze gesinn – d’Ëmsetze vum Accord wäert bëssen daueren. Op d’Finanzmäert an d’Pëtrolspräisser hat d’Nouvelle vun der Wafferou direkt en Effet: de Brent gouf e Mëttwoch de Moien ëm 95 US-Dollar de Barrel gehandelt, eng Baisse vu méi ewéi 12% pa Rapport zu en Dënschdeg.
Ob déi Baisse unhält a séier op der Pompel ukënnt, dat muss een nach gesinn. Genee esou och, ob d’Wafferou wierklech op Fridden erausleeft.