Wéinst HäerzprobleemerFra vum Nicolás Maduro freet fir aus Prisong entlooss ze ginn

AFP, iwwersat vun RTL
Déi an den USA inhaftéiert Fra vum entmuechte venezuelanesche President Nicolás Maduro huet gefrot, fir an Hausarrest gesat ze ginn.
A Venezuela ginn d'Leit op d'Strooss a kämpfe fir d'Fräiheet vun de Presidente-Koppel.
A Venezuela ginn d'Leit op d'Strooss a kämpfe fir d'Fräiheet vun de Presidente-Koppel.
© JUAN BARRETO/AFP

D'Cilia Flores huet e schwéieren Häerzproblem, sou hiren Affekot Mark Donnelly an engem op e Mëttwoch datéierte Geriichtsdokument. Am Prisong am New Yorker Quartier Brooklyn kéint déi 69 Joer al Fra keng adequat medezinesch Behandlung kréien. Si géing dowéinst fuerderen, an en Hausarrest entlooss ze ginn. D'Fra vum entmuechten venezuelanesche President Nicolás Maduro wier och bereet, sech 24 Stonnen den Dag bewaachen ze loossen an eng elektronesch Foussfessel unzedoen.

Op Uerder vum US-President Donald Trump haten US-Zaldoten de lénksnationalistesche President Maduro a seng Fra den 3. Januar an der venezuelanescher Haapstad Caracas festhuele an op New York brénge gelooss. Do soll der Koppel wéinst Drogenhandel de Prozess gemaach kréien. De Maduro a snrg Fra weise d'Virwërf vu sech,

Back to Top
CIM LOGO