No Falschmeldungen ufanks der WochWeider Bommemenacë op enger Rei europäesche Flich

AFP, iwwersat vun RTL
Europawäit sinn en Donneschdeg de Moien Bommendroungen op Flich gemellt ginn.
Weider Bommemenacë op enger Rei europäesche Flich
Europawäit sinn en Donneschdeg de Moien Bommendroungen op Flich gemellt ginn.

Eréischt e Méindeg an en Dënschdeg haten op d'mannst eng Dose Flich wéinst falsche Bommemenacë mussen ëmgeleet oder noutgelant ginn.

En Donneschdeg de Moien huet déi franséisch Regierung gemellt, datt en Airbus op der Streck Dublin-Roum ëmgeleet gouf an zu Évreux op enger Militärbasis gelant ass.

Évreux läit eng 100 Kilometer südwestlech vun der franséischer Haaptstad Paräis. Déi 161 Passagéier a 6 Crew-Membere vum Airbus wieren a Sécherheet. Sprengstoffexperte sinn am Asaz.

Méi spéit goufen uechter Europa weider Fäll gemellt: e Fluch vun Helsinki op Roum an e Fluch vu Mailand op Warschau. Och d'Belsch a Bulgarien haten Noutlandunge wéinst Bommemenacen op hire Fluchhäfen ze verzeechnen. Eng 12 Flich ware betraff, dovunner waren déi meescht vu Bëlleg-Airlines.

Bis elo konnt nach kee fir dës Virfäll responsabel gemaach ginn, ma si kommen zu enger Zäit, an där ëmmer méi Hackerugrëff op Supermarchéen an Europa ausgeüübt ginn an d'Mësstraue géigeniwwer Russland wiisst.

Den EU-Transport-Kommissär Apostolos Tzitikostas huet op der Plattform X geschriwwen, datt et ze fréi wier fir ze soen ob déi verschidde Virfäll matenee zesummenhänken. All Ugrëff op Zivilpersoune wier awer "inakzeptabel".

Back to Top
CIM LOGO