ItalienDen Ausbroch vum Ätna zitt dausenden Touristen un

RTL Infos iwwersat vun RTL.lu
Um Ätna kënnt et deelweis zu oniwwersiichtlechen Zoustänn, well vill Leit op d'Plaz kommen, fir sech nom Ausbroch d'Lava unzekucken.

Et si spektakulär Biller vu Lavastréim, déi d'Häng vum Ätna eroflafen. Vill Touriste sinn extra komm, fir sech dee Spektakel unzekucken. Dat allerdéngs net onbedéngt zur Freed vu de lokale Bierg- a Wander-Guiden.

Den héchste Vulkan vun Europa stéisst zanter e puer Deeg Äschen a Lava aus. De Fluchhafe vu Catania, op deem normalerweis vill Touriste landen, huet missen zougemaach ginn.

Entreprisen, déi Nuetswanderungen organiséieren, fir dass d’Leit den Ausbroch vun Noem kënne kucken, berichte vun engem Boom. "Jidderee wëll dat gesinn", huet den 41 Joer ale Guide Daniele Perricelli schonn e Mëttwoch géigeniwwer der franséischer Noriichtenagence AFP erkläert.

"Touristesch Eruptioun"

D'Entreprise "Guide Etna" vum Daniele Perricelli guidéiert all Owend e puer Dose Visiteuren de Vulkan erop. Aktuell kritt se allerdéngs all Dag ronn 300 Ufroe fir eng Tour, dat sinn der ronn dräi Mol esou vill ewéi normalerweis am Summer. Den Ernesto Maria Magri, e weidere lokale Guide bezeechent déi aktuell Situatioun als "touristesch Eruptioun". Hie géing observéieren, dass och vill Leit aus der Regioun de Vulkan eropklammen, dat deelweis op eng "chaotesch Manéier".

Fir Käschten ze spueren, verzichte vill Visiteuren drop, e Guide ze engagéieren a versichen de Vulkan op eege Fauscht eropzeklammen. Dem Daniele Perricelli no wier dat riskant, well d'Konditioune sech zu all Ament kéinten änneren an den Terrain onstabil wier.

© HANDOUT/AFP

"All Owend klamme bis zu 2.000 Leit op de Vulkan, d’Wanderweeër sinn iwwerfëllt", sou de Guide. "Gëschter hu mir esouguer Leit a Flip-Flops gesinn", heescht et weider vum Perricelli, dee méi streng Kontrolle vun den Autoritéite fuerdert.

Eng Partie Wanderer, dorënner déi italieenesch Fernseemoderatirce Diletta Leotta, goufen an de soziale Medie kritiséiert, well si geféierlech no bei d'Lava gaange sinn, fir Fotoen ze maachen. Vun de Guiden heescht et allerdéngs, dass een an de méi nidderege Gebidder bis op e puer Meter un d'Lavastréim kéint erugoen, dat well d'Lava hei schonn deelweis ofgekillt wier.

Den aktuelle Virschrëften no dierf een den Ätna bis op eng Héicht vun 2.400 Meter eleng eropklammen. Wien nach méi héich erop wëll, muss vun engem Guide begleet ginn. D'Spëtzt vum Vulkan läit op 3.324 Meter.

Den italieeneschen Zivilschutz huet aktuell déi giel Warnstuf fir den Ätna erausginn, dat ass déi zweethéchste vun am Ganze véier Stufen. Se deit op vill vulkanesch Aktivitéit a méiglech Explosiounen hin.

Back to Top
CIM LOGO